Affekot Frank Richter

Dëst ass den Internetsite vum Rechtsanwalt Frank Richter, deen séng Kanzlei an Dossenheim/Daitschland huet, 2 km vun der weltberühmter Romantik-Stad Heidelberg ewech, 100 km südlech vu Frankfurt, an 100 km nördlech vu Stuttgart. Dëse Site ass zwar haaptsächlech op Daitsch, mee hei fannt dir e Résumé.

Den Affekot Frank Richter bidd Ierch juristesch Hëllëf, wann en daitschen Affekot gebraucht gëtt.

Hudd Dir e Päerd an Daitschland kaaf oder verkaaf, haat Dir en Autosaccident oder hudd Dir an Daitschland Suen investéiert?

Sain Intérêt fir de Reitsport huet hien och beruflech op dës Spezialisatioun bruecht. Päerdecht ass en Domaine, deen sëch aus verchiddenen Domaines juridiques zësummesetzt, wéi dem Droit d’achat (Verkaaf vun engem Päerd mat/ouni Contract, Kaaf vun Accessoiren), dem Droit au bail (Pensioun vun der Box, Pacht vun enger Reitanlag), Droit de responsabilité (Tierhalterhaftung), Droit du contrat d’entreprise (Houfbeschlag, Päerdstransport), Droit du Travail et de l’Emploi (Contract iwwert en Bërëtt, Responsabilitéit vum Véterinaire/Affekot, Zuucht), awer och em Droit Industriel an nach aaneren Domaines juridiques.

Hei zitt hien e speziellen Avantage draus, fir als Reider a Propriétaire vun engem Päerd, Verainer, Privatställ, Véterinairen, Houfschmätt oder Onfallgéigner no hierem Intérêt beroden a vertrieden ze kënnen. Daat léisst sëch och op all aaner Haus- an Notzdéieren, virun allem op Hënn, liicht iwwerdroën.

Den Maître Richter kann Iech och am Fall vun engem Autosaccident, engem Verstouss géint d’Kompetitiounsrecht oder am Fall vun engem onfairen Konkurrenzkampf zur Sait stoen. Ausserdem këmmert hien sech em all Ausernanersetzung am Fall vun engem Verstouss géint d’Urheberrechter, engem Obligatiounskredit oder wann der iergendwellech Problemer mat Ärem Investissiounskapital hutt. Zu gudder Lescht kann hien Är Interessen am Fall vun enger Entschiedegung, Verteidegung géint onerwönscht Reklammen per Fax, E-mail, Uriff, SMS-en, Bréifer, oder den Mëssbrauch vun geschützten Nimm oder dem Datenschutz vertrieden.

Dir kënnt den Affekot Richter op daitsch, englesch (schrëftlech oder telefonesch) oder franséisch (schrëftlech) kontaktéiren.

Adresse:
Kastanienweg 75a, D-69221 Dossenheim.
Phone: +49/6221/727-4619, Fax: +49/6221/727-6510
E-mail: anwalt@richterrecht.com

© Rechtsanwalt und Mediator Frank Richter 2011